Published on  11 février 2026

Kiné gesicht ab Abrëll

Offre d'emploi

Niederanven

Description of the ad

20-40 Stonnen/Woch als Independant
ab Abrëll

De Centre thérapeutique Wagner zu Niederanven sicht e Kinesitherapeute fir eis multidisziplinär Ekipp ze ergänzen.

 

Däi Profil:

  • Du hues an dengem Beruff en Diplom deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass an dir erlaabt déi Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben
  • Du schwätz déi dräi Landessproochen an Englesch
  • Du hues vill Empathie a Gedold fir d'Patienten
  • Du schaffs autonom mat engem gudden Ekippegeescht
  • Du bass soignéiert, lees vill Wäert op Hygiène, bass gutt organiséiert an de "code de déontologie" läit dir um Häerz

 

Eise Profil:

  • Mir bidden eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Ekipp
  • D'Wuelbefanne vun eise Patienten an den therapeuteschen Erfolleg steet bäi eis op éischter Plaz
  • An der Mëtt vun eisen Therapeute steet eis Sekretärin, déi den Telefon mëscht, d'Agendae geréiert, sech em d'Prise en charge mat der CNS këmmert, sech em de Courrier këmmert an iech och soss gären hëlleft
  • Mir stellen eng hygienesch propper an optesch uspriechend Aarbechtsplaz zur Verfügung

 

Bäi Interessi schéck w.e.g. däi CV an eng lettre de motivation un eis E-Mailsadress: [email protected]

Qui contacter

[email protected]

The ALK declines all responsibility for the content of published ads.

Our sponsoring partners