Recherche kiné temps partiel
Offre d'emploi
Weiswampach
Description de l'annonce
Mir sichen e Kinésithérapeut (m/w) op fräiberufflecher Basis
Fir eis Kiné-Praxis sichen mir eng motivéiert a kompetent Persoun als Kinésithérapeut (m/w) op fräiberufflecher Basis.
Wat mir ubidden:
* Start mat 8 bis 10 Stonnen pro Woch
* Méiglechkeet, d’Stonnen no an no auszebauen an eng eege Patientebasis opzebauen
* Flexibel Aarbechtszäiten
* Eng modern a frëndlech Praxis mat engem gudden Aarbechtsklima
Äre Profil:
* Ofgeschloss Ausbildung als Physiotherapeut
* Beruffserlaabnes fir zu Lëtzebuerg ze schaffen
* Selbstänneg, zouverlässeg a patienteorientéiert Aarbechtsweis
* Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten; Kenntnisser vu Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch si vu Virdeel
Hutt Dir Loscht, Deel vun eisem Team ze ginn? Da freeë mir eis op Är Kontaktopnam an Är Kandidatur!
Kiné Holistic
19 Duarrefstrooss
9990 Weiswampach
Email: kineholistic.lu
TEL: +352 691 143 002
Qui contacter
[email protected]L'ALK décline toute responsabilité sur le contenu des annonces publiées.