Offre d’emploi

samedi, 26 Juin 2021
By CHRISTINE SCHMIT

Den Turnveräin « Ëmmer Fit » vu Chrëschtnech, eng Dammegrupp vun 18 Joer bis…….., sicht eng Monitrice/Moniteur fir 1mol an der Woch Méindes owes um hallwer aacht mat eis ze turnen, an der Sportshal zu Waldbëlleg. An de Schoulvakanzen turne mir net. D’Saison fänkt u mam Schoulufank an hält domat op. D’Sprooch soll kee Probleem sinn: lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch.Mir wiere frou, Iech bei eis ze begréissen.Fir weider Informatiounen oder gsm 00352 691 83 75 39.Merci am viraus