Publié le  26 avril 2026

Kine mam Fokus op Neurologie

Offre d'emploi

Niederanven

Description de l'annonce

Kinesitherapeut (m/w/d)

20-40 Stonnen/Woch als Independant
ab elo

De Centre thérapeutique Wagner zu Niederanven sicht an zesummenarbëscht mat Annen-Vital, e Kinesitherapeut mat Fokus op Neurologie (Geriatrie an/oder Pediatrie), fir eis Ekipp suwuel an der Praxis wei bäi Hausbesich, ze ergänzen.

Däi Profil:

  • Du hues an dengem Beruff en Diplom deen zu Lëtzebuerg unerkannt ass an dir erlaabt däi Beruff zu Lëtzebuerg auszeüben
  • Du schwätz déi dräi Landessproochen an Englesch
  • Du hues Erfarung oder besonneschen Interessi am Beräich neurologesch Kinesitherapie (Erwuessener a ggf. Kanner)
  • Du hues vill Empathie a Gedold fir d'Patienten
  • Du schaffs autonom mat engem gudden Ekippegeescht
  • Du bass soignéiert, lees vill Wäert op Hygiène, bass gutt organiséiert an de "code de déontologie" läit dir um Häerz
  • Du hues e Führerschäi Klass B, an en eegenen Auto a bass bereet och Hausbesich bei Patienten duerchzeféieren

Eise Profil:

  • Mir bidden eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Ekipp
  • D’Wuelbefanne vun eise Patienten an den therapeuteschen Erfolleg steet bei eis op éischter Plaz
  • An der Mëtt vun eisen Therapeute steet eis Sekretärin, déi den Telefon mécht, d’Agenda geréiert, sech ëm d’Prise en charge mat der CNS këmmert, sech ëm de Courrier këmmert an iech och soss gär hëlleft
  • Mir stellen eng hygieenesch propper an optesch uspriechend Aarbechtsplaz zur Verfügung

Bei Interessi schéck w.e.g. däi CV an eng lettre de motivation un eis E-Mailadress:

[email protected]

Qui contacter

Chantal Wagner, [email protected]

L'ALK décline toute responsabilité sur le contenu des annonces publiées.

Nos partenaires sponsors