Publié le
12 octobre 2026
KINE WALFER sicht Kiné– Start mat 10–20 Stonnen pro Woch, opbauend op Vollzäit
Offre d'emploi
Walferdange
Description de l'annonce
Fir eis Praxis Kiné Walfer zu Walfer/Helmsange siche mir e motivéierte Kinésithérapeut fir eis Ekipp ze verstäerken.
Du wëlls fir d’éischt Deelzäit ufänken an deng Aktivitéit no an no ausbauen? Bei eis starts du mat 10–20 Stonnen pro Woch. Mat engem wuessende Patientestamm ass en Ausbau bis op Vollzäit virgesinn.
Wat mir dir bidden:
- Eng gutt ekipéiert Praxis mat engem eegenen Trainingsraum
- Eegestännegt Schaffen an individuell Betreiung vun de Patienten
- Flexibel Aarbechtszäiten no Ofsprooch
- Kollegialen Austausch a Plaz fir deng eege Schwéierpunkten
- Eng laangfristeg Perspektiv fir deng Aktivitéit auszebauen
Wat du matbréngs:
- Freed um Ëmgang mat Mënschen an un der aktiver Rehabilitatioun
- Eng zouverlässeg an eegestänneg Aarbechtsweis
- Sproochkenntnisser fir eng gutt Kommunikatioun mat eise Patienten; Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch oder Däitsch si wëllkomm
Beruffsufänger an erfuerene Kinésithérapeute si gläichermoosse wëllkomm. De Startdatum an d’Konditioune beschwätze mir perséinlech.
Interesséiert? Schéck eis däi CV per op [email protected]
Mir freeën eis, dech kennenzeléieren!
Kine Walfer · Walfer/Helmsange
Votre mission
Du wëlls fir d’éischt Deelzäit ufänken an deng Aktivitéit no an no ausbauen? Bei eis starts du mat 10–20 Stonnen pro Woch. Mat engem wuessende Patientestamm ass en Ausbau bis op Vollzäit virgesinn.Avantages et package proposé
Eng gutt ekipéiert Praxis mat engem eegenen TrainingsraumEegestännegt Schaffen an individuell Betreiung vun de Patienten
Flexibel Aarbechtszäiten no Ofsprooch
Kollegialen Austausch a Plaz fir deng eege Schwéierpunkten
Eng laangfristeg Perspektiv fir deng Aktivitéit auszebauen
Profil recherché
Freed um Ëmgang mat Mënschen an un der aktiver RehabilitatiounEng zouverlässeg an eegestänneg Aarbechtsweis
Sproochkenntnisser fir eng gutt Kommunikatioun mat eise Patienten; Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch oder Däitsch si wëllkomm
Qui contacter
Yannick Bronzetti [email protected]L'ALK décline toute responsabilité sur le contenu des annonces publiées.